Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un de 'Plooschter Projet'

E Samschden, de 16. Abrëll hunn zu Izeg eng Handvoll Membere vum Karlsruher Studentencercel AELK (www.aelk.lu) e Scheck vun 750€ dem ‘Plooschter Projet’ iwwerreecht. Wéi all Joer ass e Grupp sportlecher Karlsruher Studenten am Juli lescht Joer de ronn 230km-wäite Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg mam Vëlo gefuer. Des Aktivitéit stoung wéi gewinnt am Liicht vun engem gudden Zweck an sou goufen dës Kéier Sue fir de ‘Plooschter Projet’ (plooschterprojet.wordpress.com) gesammelt.

De Projet, dee virun 2 Joer an d’ Liewe geruff gouf probéiert Leit ze hëllefen déi un Leukämie erkrankt sinn an op Stammzellespenden ugewise sinn. Hiert Haaptzil ass et esouvill wéi méiglech Leit ze motivéieren sech als Stammzellespender registréieren ze loossen. Aktuell hunn nämlech vill Leukämie-Patienten de Problem, dass se kee passende Spender fannen.

Och dëst Joer, dës Kéier fir 30’t, wäert d’AELK de Wee op Lëtzebuerg mam Vëlo maachen, dëst den 1. Juli.