Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un d'SOS Kannerduerf zu Miersch

E Samschden, den 11 November, hunn eng Handvoll Memberen vun der AELK (de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe) dem S.O.S Kannerduerf zu Miersch e Scheck am Wäert vun 3000€ iwwerreecht. D’ Suen goufen duerch hir alljährlech “Vëlosheemrees” gesammelt.

Zenter mëttlerweil 30 Joer fueren Memberen vum Karlsruher Studentencercel (www.aelk.lu) een Mol am Joer de 230km-wäiten Wee vun Karlsruhe op Lëtzebuerg mam Vëlo. Dëst Joer den 1. Juli, hunn knapp 20 Leit an d’ Pedallen gedréckt, woubäi der och e puer aus dem Nopesch Cercel vun Freiburg komm sinn.

Säit e puer Joer gëtt dat Ganzt awer net méi nëmmen aus sportlechem Éiergäiz gemaach, mee mam gudden Zweck verbonnen, an esou goufen dëst Joer, duerch Parrainagen vun de Coureuren an Donen, 3000€ fir S.O.S Kannerduerf zu Miersch (www.kannerduerf.lu) gesammelt. D’ Kannerduerf huet als primären Optrag, Kanner, déi aus ënnerschiddlechen Grënn net méi bei hirer leiwlecher Famill liewen kennen, ënnerzebréngen an ze encadréieren. Si liewen do mat enger Kannerduerf-Mamm oder engem Kannerduerf-Papp zesummen mat aneren Kanner an engem Haus, wéi an enger Famill. Dëst kann hiert Doheem ginn an si kennen esoulaang do wunnen, bis se Eegestänneg sinn.