Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un d'ALAN asbl

E Samschden, den 9. November 2019 huet d’ AELK, de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe, en Don vu 6000€ un ALAN asbl (maladies rares luxembourg) iwwerreecht. Des Zomm gouf am Kader vun der traditioneller järlecher Vëlosheemrees (VHR) gesammelt.

Den 21. Juni 2019 haten sech 15 Studenten op den 230km laange Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg gemaach an duerch Parrainagen an Done Sue fir de gudden Zweck gesammelt. Weider Informatiounen iwwer d'AELK VHR fannt der ënnert velo.aelk.lu oder am RTL Live! Planet People vum 21.06.19 wou den Eric Melkert iwwer d'VHR schwätzt.

D'ALAN asbl (www.alan.lu) setzt sech dofir an d'Liewensqualitéit vu Mënschen, déi vu seelene Krankheete betraff sinn, ze verbesseren. Engersäits beroden si betraffe Persounen zu de sozialen, psychologeschen an administrative Schwieregkeeten, déi eng seele Krankheet mat sech bréngt. Anerersäits bitt d'ALAN awer och Fräizäit- a Sportaktivitéiten un fir Selbstvertrauen a Selbstwäertgefill ze stäerken. Doriwwer hinaus mécht d'ALAN och vill ëffentlech Aarbecht ewéi Informatioun a Representatioun.

E grousse Merci nach eemol un eis Coureuren, awer och un jiddereen deen eis mat engem Don oder Parrainage ënnerstëtzt huet! Mir freeën eis schonns op d’nächst Joer.