Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un d'Trauerwee asbl

E Freideg, den 12. Oktober 2018 huet d’ AELK, de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe, en Don vun 3700€ un Trauerwee asbl iwwerreecht. Des Zomm gouf am Kader vun der traditioneller jäerlecher Vëlosheemrees gesammelt.


De 6. Juli 2018 haten sech 12 Studenten op den 230km laange Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg gemaach an duerch Parrainagen an Done Sue fir de gudden Zweck gesammelt. Weider Informatiounen iwwer d'Vëlosheemrees fannt der ënnert: velo.aelk.lu


D’Trauerwee asbl (www.trauerwee.lu) huet et sech zum Ziel gesat Kanner a Jugendlecher, déi an Trauer em eng hinnen nogestanener verstuerwener Persoun sinn, ze begleeden. Si hëllefen hinne bei der Bewältegung vum Verloscht an der dozougehéiereger Traueraarbecht. Virun allem sollen déi Betraffen, duerch de Kontakt mat Leit an ähnleche Situatiounen, d’ Gefill gewise kréien net eleng mat hirem Schicksal ze sinn. Si kréien doduercher d’ Méiglechkeet en Deel vun hirem Trauerwee zesummen ze goen.


E grousse Merci nach eemol un eis Coureuren, awer och un jiddereen deen eis mat engem Don oder Parrainage ënnerstëtzt huet! Mir freeën eis schonns op d’nächst Joer.