D´JOERGÄNG 1948 bis 1954 HU SECH ERËMGESINN.

SCHWEECHERDAUL: Viru kuerzem hu mir Meedercher a Jongen (1948 bis 1954) äis mat eiser Léierin zu Biekerech an der Millen fir di 9. Kéier erëmgesinn. Nom Aperitif, offréiert vun der Madame Maria Hoffmann-Frank, si mir mat engem gudde Maufel an der Biekericher Millen verwinnt ginn. A geselliger Ronn ass zesumme bei engem sëffige Pättchen bis an den Owend iwwer di fréier Zäite gepotert ginn. Mir hunn äis virgeholl den 10. Konveniat de 5. Oktober 2019 ze feieren. JM