KONVENIAT SCHWEECHERDAUL

Joergäng 1947 - 1955

Schweecherdaul: Sech no ville Joren erëmzegesinn, mécht deene mëschten Schoulkomerodinnen a Komeroden vill Freed. Viru kuerzem hu mir Meedercher a Jongen äis fir déi 11. Kéier rëmgesinn.

Fir den Aperitif si mir an der Brasserie "PÉITCHE LAUER" zu Uselding zesummen komm, an duerno mat engem gudde Maufel an engem sëffige Pättchen verwinnt gin.

No dem Mëttegiessen goufen nach e puer gemittlech Stonnen zesummen verbruecht, an Erënnerungen aus der Schoulzäit an dem Beruffsliewen erzielt.

Beim Äddi soen hu mir äis versprach, den 12. Konveniat dat nächst Joer rëmzegesinn.


Muller Jean