KONVENIAT SCHWEECHERDAUL

D´JOERGÄNG 1947 bis 1955 HU SECH ERËMGESINN.

SCHWEECHERDAUL: Viru kuerzem hu mir Meedercher a Jongen (1947 bis 1955) äis mat eiser Léierin der Madame Maria Hoffmann-Frank zu Sëll an der "Maison Rouge* fir di 14. Kéier erëmgesinn.

Nom Aperitif si mir mat engem gudde Maufel an engem sëffige Pättchen verwinnt gin. Duerno si nach vill schéin Erënnerungen aus der Kanner a Jugendzäit erzielt gin, mam Verspriechen eis dat nächst Joer fir di 15. Kéier erëmzegesinn.