SCHWEECHERDAULER MEEDERCHER A JONGEN Joergäng 1947 - 1955

SCHWEECHERDAUL: Viru kuerzem hu mir Meedercher a Jongen (1947 bis 1955) äis fir di 10. Kéier erëmgesinn. Dëst Joer sinn d´Joergäng 1947 an 1955 fir d´éischt mat bäigeholl ginn. Mam Bus goung et vum Schweecherdaul op Gréiwemaacher a mat der M.S. PRINCESSE MARIE-ASTRID weider.

Nom Aperitif si mir mat engem gudde Maufel an engem sëffige Pättchen um Schëff verwinnt ginn. Am Nomëtten hu mir Saarbuerg besicht. Um Wee fir zrëck hu mir äis beim Poteren iwwer di fréier Zäite virgeholl den 11. Konveniat den 3.Oktober 2020 ze feieren. Muller Jean