Bieckerech: Bei gudder Gesondheet konnt den Norbert Stockreiser viru kuurzem säi 85. Gebuertsdag Doheem zu Bieckerech nach feieren. De Jubilar ass de 17. November 1941 zu Bieckerech op d'Welt komm. Hien war de jéngsten vun 3 Kanner vum Nic Stockreiser vu Bieckerech an Anna Hoffmann vun Habscht. Mam Irène Heitz vun Habscht huet den Norbert sech den 3. Juli 1964 bestued. E Jong an zwee Meedercher sinn aus hirem Bestietnis ervirgaang. Haut zielt Famill Stockreiser- Heitz véier Enkel- an dräi Urenkelkanner. Den Norbert, huet d'Handwierk vum Rouerschlesser an der Beruffsschoul zu Esch geléiert, war duerno wärend dräi Joer bei der MMRA zu Rodange fir dann am Joer 1967 als chef d'atelier an der Mechanik bei der Uniroyal zu Stengefort bis zu senger Pensioun am Joer 1996 seng deeglecht Brout ze verdéngen. Als passionéierte Steenverbauer a Jéer war seng Fräizäit och ëmmer gutt mat Aktivitéite gefëllt. Wéi et zur schéiner Traditioun an der Gemeng Bieckerech gehéiert, war de Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengem Schëffe Claude Loutsch a Konsellier Laurent Klein bei den Norbert Stockreiser heem komm fir him zu sengem 85. Gebuertsdag am Numm vun allen Awunner aus der Gemeng Bieckerech och ganz häerzlich ze gratuléieren. Fir de jovialen Empfank an di schéin Orchideeën mat de petits - fours huet den Norbert och villmols Merci gesoot. Duerno ass zesumme mat der Famill d'Glas erhuewe gin an op de 85. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)