Kietscht: Et war fir d'Schoulkanner aus dem Zykel 4.2 vun der Kietschter Grondschoul viru kuurzem eng besonnesch Freed fir an Zesummenaarbecht mam Revéierfierschter Serge Hermes a sengem Team, aus dem Naturschutzzentrum Burfelt eng Benjesheck unzeleeën a ronn 300 Heckeplanzen als Kompensatiounsplanzung um Site vum Kietschter Pump Truck ze planzen. Am Kader vun desem Evenement mat natirlichem Charakter huet de Fieschter mat senge Leit de Schoulkanner Sënn an Zweck vun deser Planzaktioun erkläert an hinnen d'Wichtigkeet vun dese Planzen an der Natur erkläert. Mat derbéi waren och d'Leit aus dem techneschen Service vun der Gemeng Rammerich. Zum Schluss huet d'Madame Buergermeeschter Myriam Binck mat de Membere vum Gemengerot, de Leit vun der „anf“ mat hirem Fieschter och Merci gesoot fir hirt Engagement mat de Kanner an dest ganz am Dingst vun der Natur. (CR) (Foto: Charles Reiser)