VoicEmotion begeeschtert mat "Just Sing it !


Bieckerech: Zwee ausverkaafte Concerten, den 8. an 9. Mee, e begeeschterte Publikum a ganz vill Emotiounen: mat hirem Fréijorsconcert ënnert dem Motto „Just Sing It!“ huet VoicEmotion, ënnert der Leedung vum Madeline Boonen, zu Biekerech fir onvergiesslech Momenter gesuergt. De Publikum huet vill Ofwiesslung gebuede kritt, ob a-cappella Gesank oder mat Begleedung vum Pianist Christophe Nanquette. Vun der éischter Minutt un haten déi 40 Sängerinnen a Sänger d’Spectateure gefesselt. Déi hu matgeklappt, gelaacht, gekrasch a matgefillt. Et goufen och Iwwerraschungsmomenter, mat impressionante Solo-Optrëtter, originelle Choreographie-Einlagen oder SängerInnen, déi selwer zu Instrumenter gegraff an nach eemol fir musikalesch Ofwiesslung gesuergt hunn. Den Héichpunkt war, wéi d’Sängerinnen a Sänger, fir déi lescht Zugab, vun der Bün erofkomm sinn an sech am Sall verdeelt hunn, déi eenzel Stëmme gemëscht, fir e ganz besonneschen Effekt vu “Make you feel my love”. VoicEmotion ass nees sengem Numm gerecht ginn: et ass net nëmmen e staarke Chouer mat aussergewéinleche Stëmmen, mee e kann och Emotiounen eriwwerbréngen. An dat ass e schéine Beweis dofir, datt Musek verbënnt. (Text: Françoise Medernach ) (Foto: Charles Reiser)