Bäertreffer Bildchen, no him gesiicht an och fonnt.

Am Emfeld vun der Uertschaft Bäertref gëtt et 3 Muttergottes Grotten, sou guff ons verzielt, 2 waren ons bekannt, nämlech:

· D´ Lourdes Grotte vun den Bäertreffer Zwangsrekrutéierten bei der Huel Lee (Hohllay)

an

· D´ Grotte beim Perekop mat dem schéinen Titel: « Beau Lis de notre Vallée »

Di drëtt Plaz bekannt ënner dem Numm « Bäertreffer Bildchen » war ons net bekannt, si war ons genannt ginn bei onse Recherchen no Muttergottesplazen an eiser Regioun. Also hu mir no hir gesiicht a gesiicht, mir hunn si awer net fonnt. Mir hunn ons duerno bei ale Bäertreffer ëmfrot, de Wee dohinner ass ons erkläert ginn a gleich hu mir och d´ « Bildchen » fonnt. Iwwer de Millewee sinn mir op de Plateau vum Besch « Bënzelt » komm, e quasi ongenotzte klenge Wee huet ons staark biergof zum « Bildche » geleet. Hei am Héichbesch ënner schéine Buchen, ass hir Grotte an enger glater Fielswand. Mir hunn ons op de schéine Bänken déi hei opgestallt sinn gesat fir en éischte Bléck op d´ Grott ze maachen. Hei an der wonnerbarer Rou, kei Kaméidi war weit a breet ze heiren, nëmmen de Gesank vun e Puer Villercher hu mer nogelauschtert.

Leit déi des Plaz kennen fannen de Wee hei hinner, et sinn der bestëmmt net vill well keng Promenade hei laanscht kennt. Fir wat soll dann och een hei hinner kommen. Iwwer dest Bildchen ass wéineg bekannt, nëmmen al Stack Bäertreffer kennen des Plaz. De Gemengesekretär Claude Oé huet ons desen Text aus enger Broschüre vun der Bäertreffer Musek matgedeelt, wou mer den Ursprung vum Bildchen erklärt kréien:


Bildchen war eine Initiative vom Pfarrer Jos Keup: 1939/40 entstand auf seine Initiative hin im Waldhang unterhalb des „Hënnerzoll“ («Bënzelt») das sogenannte „Bildchen“. Bis vor etwa zweiunddreizig Jahren ging noch am Rosenkranzsonntag oder an Marie Himmelfahrt die Prozession dorthin. Damals ging Pfarrer Keup höchstpersönlich zum „Zäärde Pitter“ und zum „Huemenspätter“ mit dem Wunsch, diese beiden sollten ihm einen Platz im Wald angeben, wo er eine „Mater Dolorosa“ aufstellen könnte. Man entschied sich für einen Platz nahe der alten „Bildcheslay“, was den Namen „bäim Bildchen“ erklärt. Daraufhin schlugen Konsbrück Jeng und sein Bruder Albert in mühevoller Arbeit die Nische in den Felsen, in der heute die Mater Dolorosa steht. Während der Kriegsjahre suchten viele Berdorfer diesen Platz auf, um hier Trost und Stärkung zu finden.


Verzielt hu mer och kritt, dat nach mam Paschtouer Braun eng Prozessioun de 15. August hei hinner gepilgert an eng Mass do zelebréiert ginn ass.

Wann dir eppes mei iwwer Bildchen an seng Geschicht weest, dann deelt ons dat wegl. an engem Kommentar mat oder rufft am Gemengesekretariat vu Bäertref un a verzielt hinnen dat.

Mir wëllen ons beméien dat e klengt Hiweisschëld opgestallt gëtt, dat den interesséierte Leit de Wee op des schei Plaz weise soll.

Text: Fred Schaaf / Ety Kleyr