Fréijarsconcert Harmonie Berdorf


De 25.Abrëll huet d´Harmonie Berdorf hiren traditionelle Fréijarsconcert am Centre Culturel „A Schmadds“ zu Berdorf gespillt. De Concert stoung ënnert dem Motto „Musikalesch Rees duerch Lëtzebuerg“. A Präsenz vum Gemengerot esou wie ville Museksfrënn , hunn d´Musikanten en usprochsvolle Programm presentéiert .Ënnert der Direktioun vum Här Patrick Yves Hengen huet de Schülerorchester den Ufank gemaach an Bäertrëffer Musik ass am zweeten Deel opgetrueden.D´Soliste vum Owend waren Liz Roob mam Saxophon Sopran an Laura Boentges mam Saxophon Tenor , déi mat hirem Solo hiert Kënne bewisen hunn.De Claude Oé huet matt interessanten Informatiounen zu deenen eenzelne Stécker duerch de Programm gefouert.