Schülerauditioun Harmonie Berdorf

De 7.Juni war am Centre Culturel zu Berdorf eng Schülerauditioun vun der Bäertrëffer Musek an Zesummenaarbecht mat der Iechternacher an der UGDA Museksschoul. A Presence vun de Vertrieder vum Gemengerot der Direktioun vun der Ugda an der Iechternacher Museksschoul,deene verschiddene Chargés de Cours souwéi den Elteren vun de Schüler , si fir d´éischt d´Kanner eenzel opgetrueden an duerno huet de Jugendgrupp vun der Harmonie ënnert der Direktioun vum Tim Kleren de Schluss gemaach.