Wanterconcert Harmonie Berdorf

Wanterconcert Harmonie Berdorf

Den 21. Dezember hat Harmonie Berdorf fir hire Wanterconcert an de Centre Culturel “A Schmadds” invitéiert.Virun engem zuelräiche Publikum huet d´Bäertrëffer Musek e flotte Programm presentéiert den an d´Chrëschtzäit gepasst huet. Nom éischte Stéck huet den Tim Kleren den Dirigentebengel un de neien Dirigent Christophe Weiland iwwerreecht. De Christophe Weiland huet de Programm mat der Musek ageschafft an de Concert stoung ënnert senger Leedung. No der Paus ass de Jugendgrupp vun der Musek opgetrueden an huet dem Publikum gewisen wat si scho kënne spillen.

Den Héichpunkt vum zweeten Deel war e Saxophon-Solo gespillt vum Liz Roob. Ballata e ganz usprochsvolle Solo fir Saxophon Sopran huet Liz mat Bravour gemeeschtert.An dem Stéck huet hatt bewisen dat hatt de Saxophon an all senge Facette beherrscht.Mat groussem Applaus gouf hatt fir seng wonnerbar Presentatioun belount.Zum Schluss huet d´Liz och nach „Have yourself a merry little Christmas“ mam Saxophon Tenor gespillt.De Publikum huet richt no zwou Zugaben de Chef Christophe Weiland mat senge Musikante vun der Bühn goe gelooss. Bei engem gudde Patt a Chrëschtgebäck ass den Owend op en Enn gaangen.

Fotoen:Fernand Schmitz