Galaconcert Harmonie Berdorf 28.04.2018

Gala Concert Harmonie Berdorf

Den 28. Abrëll hat Harmonie Berdorf op hiren traditionellen Galaconcert am Fréijoer invitéiert. Ënnert der Direktioun vum Dirigent David Daubenfeld huet Harmonie en ofwiesslungsräiche Programm presentéiert. Den Optakt war mam Marsch Arsenal vum Jan van der Roost. Den Héichpunkt vum Owend awer war de Klarinetteconcerto virgedroen vum Solist Alain Fil. De Concerto vum japanesche Komponist Satoshi Yagisawa verlaangt vum Solist all séi Kënnen .An dësem Concerto kommen all Facetten vun der Klarinett zum Virschäin an de Solist ass wärend enger véierel Stonn zu Honnert Prozent gefuerdert fir all seng Musikalitéit,Talent a Kënnen ze investéieren. Den Alain huet dëse Solo mat Bravour gemeeschtert. All Respekt fir dem Alain seng Energie déi hien an dëse Solo geluecht huet, den Applaus an Standing Ovations hu bewisen dat seng Prestatioun super war. Mat Showdown For Band ass et an Paus gaangen.The Golden Lady, Cry of the last unicorn, New Baroque Suite a Conga del Fuego Nuevo war de Programm vum zweeten Deel .No der Zugab an duerno engem gemittleche Patt ass de Gala 2018 zu Enn gaangen.