Wanterconcert Harmonie Berdorf

Harmonie Berdorf

Den 16. Dezember war am Centre Culturel „A Schmadds“den traditionelle WANTERCONCERT vun der Bäertrëffer Musek. A Presence vum Här Minister Nicolas Schmit an dem Buergermeeschter Joe Nilles, de Membere vum Gemengerot souwéi ville Museksfrënn huet d´Harmonie e flotte Programm presentéiert den an d´Adventszäit gepasst huet. De Concert stoung ënnert der Leedung vum Här David Daubenfeld, an de Claude Oé huet déi eenzel Stécker kommentéiert. Nom We wish you a Merry Christmas an de gudde Wënsch fir Chrëschtdag vun de Musikanten an dem Dirigent, ass den Owend bei engem gemittleche Patt a Chrëschtgebäck zou Enn gaangen. Wanterconcert 2017