Kiermes zu Berdorf

E Samschdeg den 11. Juli huet Berdorfer Musek fir d´Kiermes den Hämmelsmarsch am Duerf gespillt. No 4 Méint war dat rëm déi éischt Sortie wou mir zesumme Musek konnte maachen. No der laanger Paus waren d´Musikante frou fir erëm zesummen ze musizéieren. Mir hunn a klenge Gruppe gespillt fir eis kënnen un d´Reegele vun der Distanz ze halen. Bäi schéinem Wieder war et e flotten Tour duerch Duerf , vill Leit hunn eis ënnerwee nogelauschtert,an domat war d´Bäertrëffer Kiermes agelaut.