Generalversammlung Harmonie Berdorf

D´Harmonie Berdorf huet de 5. Februar seng Generalversammlung am Centre Culturel zu Berdorf ofgehalen. De President René Manternach huet de Buergermeeschter Ernest Walerius ,d Membere vum Gemengerot, den Ugda Vertrieder Gilbert Girsch an d Membere vun der Harmonie begréisst. Den Tätegkeetsbericht an de Keessebericht esou wie de Programm 2016 goufen der Versammlung presentéiert. Verschidde Musikanten si vum Ugda Vertrieder mat enger Verdéngschtmedaile ausgezeechent ginn,d´Schüler vun der Harmonie hunn hiren Diplom vum leschte Jar kritt, an d´Musikante mam beschte Prouwebesuch hunn als Unerkennung ee Cadeau iwwerreecht kritt. No den Usprooche vum Ugda Vertrieder an dem Buergermeeschter gouf Versammlung zou gemaach an den Owend bei engem gemittleche Patt ausklénge gelooss.