Marche Gourmande Berdorf

Marche Gourmande Christi Himmelfahrt de 25.Mee zu Berdorf

Organisation Harmonie Berdorf Asbl & Pappen a Männer Gemeng Bäertrëf

Donneschdeg de 25 Mee haten Pappen a Männer an Harmonie Berdorf hir siwent Marche Gourmande organiséiert. Bei wonnerschéinem Wieder hu vun 10 Auer un 815 Leit déi 13,5 Kilometer laang Stréck an Ugrëff geholl. Am Maartbësch war de Start wou Wanderer en Aperitif an eng Amuse-bouche zerwéiert kruten. Duerch Binzeltschlüff an de Predigstuhl ass et op Konsdorferstrooss op d´Zopp lassgaangen , virun an den  Amphithéater fir als Entrèe eng gutt Quiche ze Iessen an sech op dëser schéiner Plaz e bësschen aus ze rouen fir déi nächst Etapp  unzegoen. Op Kisäcker gouf ët en erfrëschende Sorbet  an duerno ass et an Duerf an de Centre Culturel gaangen . Hei ass den Haaptmenü zerwéiert ginn, den de Wanderer alleguer ganz gutt geschmaacht huet. Erëm gestäerkt fir déi nächst Etapp ass ët a Richtung Hammhaff gaange fir de Berdorfer Kéis ze genéissen. Duerno goung ët zeréck an de Maartbësch fir den Dessert an de Kaffie. Op all Statioun ass och e gudde Patt Lëtzebuerger Wäin oder en anert Gedrénks zerwéiert ginn. Zum Schluss ass nach eng Gratistombola ausgespillt ginn wou en E-Bike a verschidden Trouschtpräisser e gléckleche Gewënner fonnt hunn. No der schéiner Wanderung mat guddem Iessen hunn Teilnehmer sech mat enger gudder Erënnerung un déi formidabel Bäertrëffer Landschaft op de Heemwee gemaach. Et kann e roueg soen dat d´Marche Gourmande e volle Succès war,ewell mir hu lauter gutt Kritike kritt,esou datt enger neier Oplag fir 2018 näischt am Wee steet.