Wanterconcert Harmonie Berdorf

Den 10 Dezember war am Centre Culturel „A Schmadds“den traditionelle WANTERCONCERT vun der Bäertrëffer Musek .A Presence vum UGDA Vertrieder Romain Osweiler de Membere vum Gemengerot a ville Museksfrënn huet Harmonie e flotte Programm presentéiert den an d´Adventszäit gepasst huet .De Concert stoung ënnert der Direktioun vum Dirigent David Daubenfeld .Am éischten Deel huet d´Musek Les Rois du Monde ,Adagio for Winds ,Highlights from Frozen ,All I want for Christmas is you a Solitary Prayer gespillt. Solitary Prayer ass e Solo fir Euphonium vum Lëtzebuerger Komponist Marco Pütz. Den Tim Hoffmann huet dëse Solo matt Bravour virgedroen a säi Kënnen um Euphonium bewisen .No der Paus war Lord Tullamore,Funiculi Funicula,Virginia ,Facinating Drums a Pavane in Blue um Programm .Matt Stille Nacht an duerno zwou Zugaben ass de Concert zu Enn gaangen.Mam Concert war och eng Quête verbonnen, an dat zu Gonschte vum SOS Kannerduerf.