Wanterconcert Harmonie Berdorf

Den 12.Dezember hat Bäertrëffer Musik op hiren traditionelle Wanterconcert am Centre Culturel „A SCHMADDS“ invitéiert. A Presence vum Här Buergermeeschter Ernest Walerius de Membere vum Gemengerot a ville Museksfrënn huet D´Harmonie Berdorf e Programm presentéiert den an D´Adventszäit gepasst huet. Den Ufank huet de OstChester gemaach , e Jugendensembel matt Schüler vu Berdorf, Bech-Berbuerg a Bur. D´Jugend konnt d´Publikum matt hirem Optrett total begeeschteren. Den zweeten Deel war du Harmonie un der Rei,si hunn d´Leit matt hirer Musik a Chrëschtdagsstëmmung versat.De ganze Concert stoung ënnert der Leedung vum Här Patrick Yves Hengen.