Wanterconcert Harmonie Berdorf


Den 13. Dezember hat d´Bäetrëffer Musek op hire Wanterconcert am Centre Culturel "A SCHMADDS"invitéiert.A Präsenz vum Här Minister Nicolas Schmit,dem Här Buergermeeschter Ernest Walerius de Schäffen a Membere vum Gemengerot,a ville Museksfrënn,hunn d´Musikanten e Programm presentéiert den an d´Adventszäit gepasst huet.De Schülerorchester aus der Gemeng Berdorf huet den Ufank gemaach,a konnt d´Publikum mat e puer flotte Stécker vun hirem Kënnen iwwerzeegen.Duerno huet D´Harmonie mat Stécker vu Edvard Grieg,Mozart,Philip Sparke a Martyn Thomas de Nolauschterer e flotte Programm ugebueden. Den Owend stoung ënnert der Direktioun vum Dirigent Patrick Yves Hengen.