D'Saison 2011-2012 am Basket fängt mat enger Victoire géint Mamer un


D'Saison am Basketball huet desen Week-end fir den Préizerdauler Basket nees sou richteg ugefang. An der éischter Ronn vun der Coupe FLBB huet éis eischt Ekipp géint Mamer gespillt. Et gollt e puer néi Spiller an d'Mannschaft ze integréieren waat iwwert d'Summerpaus gudd gelongen ass. Mir sinn gudd an Spill rakomm an hunn direkt den Break am éischten Véierel gemeet. Am zweeten Véierel ass Mamer ewwer nees erukomm a kount bis op 4 Punkten verkierzen. D'Mannschaft ass ewwer nees voll konzentréiert ann déi zweeten Hallschent gaang an mat e puer schéinen Kombinatiounen hunn se de Virsprong nees ausgebaut fir mat 85 op 65 ze gewannen.