Double-header géint Diekirch


Dësen Week-end hunn souwuel éis Meedecher wéi och éis Jongen géint D'Eselsstad gespillt. Als éischt waren d'Meedecher drunn. No ufänklechen Schwieregkéiten waren se schnell hannen. Zum Schluss vum éischten Véirel hunn se ewwer mat enger gudder Defense an schnellem Basket liicht Punkten markéiert an sinn sou nees rukomm. Sie hunn konzentréiert wéidergespillt, mat gudder Defense kéng einfach Punkten zougelooss an sinn iwwert eng kollektiv Offense schlussendlech zu enger 58 zu 33 Victoire komm.
Duerno waar et un der Härenekipp. Alles annescht wéi eng Victoire wier iwwerraschend geweescht an esou konnt een sech froen wéi konzentréiert éis Jongen an de Match ganng wären. Ennert dem Impuls vun enger gudder Defense an engem schnellen Emschalten an d'Offense ass ewwer nie een Zweifel opkomm an sou louchen mer schons nom éischten Véirel 37 op 8 viir. Et konnt een schons baal fir Diekrich faërten mee de Préizerdall huet ewwer 3 Gäng rofgeschallt an d'Ersatzspiller kruuten och gudd Asaazzäit. Den Match ass schliesslech mat 111 op 60 gewonn ginn. An der net vollstännecher Tabell léit den Préizerdall op der éischter Plaz, mee d'Fiels, Hesper an Schieren kënnen nach laanscht zéien. Daat sinn och déi 4 Ekippen déi den Opstieg ennert sech ausmachen waërten.