Defaite géint den Favorit Fiels


Dësen Week-end huet éis Härenekipp géint den Ofsteiger Arantia Fiels gespillt. Géint déi offensive staark Fielser (Moyenne vun 111 Punkten pro Match) kruuten mer schons 33 Punkten am éischten Drëttel geschoss. Net nëmmen kommesch Schiedsrichterdecisounen géint éis mee och eng ze passiv Defense hunn dest zougelooss. Duerbäi koum nach een staarken Amerikaner deen et op den Punkt bruecht huet (seng Aussoe u seng Matspiller: take every shot, there is no one who gets the rebound against me).D'Fiels ass no engem Buzzerbeater vun Downtown mat 53 op 33 an d'Paus gaang, vir dann schlussendlech 109 op 53 ze gewannen.
E Sonnden hunn éis Dammen dunn ewwer Revanche gehol an hunn hiererséits 68 op 29 géint den sëlweschten Géigner gewonn.