Iwwerzeechend Victoire géint Wooltz


Dësen Week-end gouf net nëmmen gewielt mee och Basket gespillt. An do huet éis éischt Ekipp kollektiv souwuel an der Defense wéi och an der Offense iwwerzeecht. D'Jongen hunn den ganzen Match iwwer konzentréiert gewierkt an éist schnell Spill huet keen Abroch erlidden. Schnell waren mir 10 Punkten fir an hunn kontinulierech d'Avance erop geschrauwt. Mat engem gudd opgeluechtenen Max vun hannert der Dréierlinn konnten mer varieren an hatten och ennert dem Kuerf gudd Actionen. Duerbai konnten ais Centeren sech och gudd géint den Wooltzer Amerikaner TJ Arterberry duerchsetzen an hunn an der Defense keng einfach Punkten zougelooss. Den nexten Rendez-vous ass e Samsden um 19.30 Auer géint Kehlen.