Summeraktivitéiten am Préizerdaul

Thema "Zirkus" stoung dëst Joer bei de Summeraktivitéiten vun der Maison Relais Préizerdaul op der Affiche. Als kréinenden Ofschloss vun der éischter Woch konnten di jonk Clownen, Artisten a Jongleuren zesumme mat hire Moniteuren den Elteren eng fantastesch Zirkusshow presentéieren a kruten och duerfir de méi ewéi verdéngten Applaus.