Seniorefeier zu Groussbus

Vill frou Gesiichter konnt de Buergermeeschter Paul Engel mat sengem Schäffen-a Gemengerot bei der traditioneller Seniorefeier viru Chrëschtdag an der gutt gefëllter Weiersäift zu Groussbus begréissen. No 2 järeger Pandemie bedéngter Paus war et de Gemengeverantwortlechen an Zesummenaarbecht mat de Fräizäitfrënn ronderëm hir Präsidentin Nicole Pauly endlech rëm vergonnt des gemittlech Feier a geselleger Ronn z'organiséieren. Nodeems d'Jubilare mat enger schéiner Corbeille geéiert goufen, ass et un den Dësch gaan, wou jiddereen sech dee gudde Maufel bei engem sëffege Pättche schmaache gelooss huet. Nach bis spéit an de Nomëtteg ass beienee gepotert, vill gelaacht oder eng mat der Kaart gemaach ginn.