De Kleeschen op Besuch zu Groussbus

Traditionell ass de Kleesche mat senge schwaarze Gesellen um Sonndeg virun Niklosdag zu Groussbus op der Baach vum Schäffen- a Gemengerot empfaange ginn. Begleet vun de Pompjeeën an der Groussbusser a Waler Musek ass et dunn am Cortège an d'Sportshal gaan, wou schonn eng ganz Rei opgereegter Kanner op den hëllige Mann gewaart hunn. Nodeems d'Schoulkanner vum Precoce an der Spillschoul dem Kleeschen dat engt oder anert Lidd virgedroen hunn, war et dunn um Buergermeeschter Paul Engel hinne Merci ze soen, an zesumme mat de Kolleege vum Gemengerot hu si dem Kleesche gehollef, dat jidder Kand seng Titche krut. Ganz beandrockt vun de Schoulkanner hirem Optrëtt, huet de Kleesche verséchert och nächst Joer erëm bei si op Groussbus ze kommen. Dobaussen am klengen Häffchen huet d'Elterevereenegung Groussbus-Dellen fir dat leiwlicht Wuel vu Grouss a Kléng gesuergt. (Fotoen: Raymond Reinert)