Deller Uucht

D'Freizeitfrënn vu Groussbus organiséieren iwwert di Wanterzäit emol am Mount eng gemittlech Uucht am Festsall zu Dellen. Bei engem gudde Pättche gëtt da monter ënnertenee gepotert oder eng Partie mat der Kaart gemaach. Fir dat leiflecht Wuel suergt d'Präsidentin Nicole Pauly beschtens mat hirer dynamescher Ekipp; eng nächst Uucht ass fir de Samschden, 4. Mäerz geplangt.