Erënnerungsdag zu Groussbus

D’Freizeitfrënn Groussbus an d’Frënn vum Patrimoine an Traditiounen aus der Gemeng Wal hate kierzlech op eng kleng Gedenkfeier am Festsall zu Groussbus invitéiert, wou un di schrecklech Zäit vun der Aféierung vun der Wehrplicht fir d’Joergäng 1920 bis 1924 den 30. August 1942 erënnert ginn ass. Dës Proklamatioun vum Gauleiter Gustav Simon hat zur Folleg, dat eng ronn 76 jonk Leit aus de Gemenge Groussbus a Wal zwangsrekrutéiert goufen, wouvun 10 Jongen an der verhaasster Uniform gefall oder vermësst gi sinn.

No der Begréissung vum Buergermeeschter Paul Engel, war et dunn um Jean Ferber vun de Frënn vum Patrimoine fir dem Publik no engem passende Filmausschnëtt, an engem Réckbléck op di national Gedenkfeier am August an der Stad, di eenzel betraffe Meedercher a Jongen aus den 2 Gemenge virzestellen.

Op Initiative vum Fernand Pletschette ass och di schrecklech Nuecht vum Dezember 1940 thematiséiert ginn, wou et deemols nom Rëschte vum Chrëschtbeemche mat lëtzebuerger Fändelen duerch Groussbusser Jongen zu enger brutaler Strofaktioun vum Ortsgruppenleiter a senge Brigange koum. Den detailléierte Bericht verfaasst vum verstuerwenen Etienne Winandy vu Groussbus, wéi en am Lëtzebuerger Wort am Januar 1947 publizéiert ginn ass, gouf vum Roger Gereke virgedroen.

No dëse beweegende Momenter huet dunn d’Presidentin vun de Freizeitfrënn Nicole Pauly mat senger Ekipp sech ëm dat leiwlicht Wuel vun de Gäscht gekëmmert.

(Fotoen: Mireille Gereke-Pletschette)