Sportleréierung Groussbus-Wal

Bei Geleeënheet vun der gemeinsamer Neijoschréceptioun vun de Gemenge Groussbus a Wal, sinn di verdéngschtvoll Sportler vun deene lëschten zwou Saisonen aus deenen zwou Gemenge geéiert ginn.

Op Busser Säit waren dëst Dana Weiler vum Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg als Finalistin vun de Landesmeeschterschaften am Eenzel Dames D. Dann hunn direkt 3 Ekippe vum Dësch-Tennis den Opstig an eng héijer Klass gepackt, an zwar di 1. Ekipp vun der 3. an di 2. Divisioun an der Saison 20/21 a souwuel di 2. ewéi och di 3. Ekipp vun der 4. an di 3. Divisioun an de Saisonen 21/22, respektiv 22/23.

Schliisslech koum dann nach een albekannte Gesicht an der Persoun vun der Schwëmmerin Neele Albers zu Éieren, dat alt rëm eng Kéier duerch Top Performance konnt iwwerzeegen, mat e.a. éischte Plazen op den 100 Meter an 200 Meter Broscht bei de nationale Meeschterschaften.

Bei der Waler Gemeng war et den Här René Kleman vu Bëschrued, deen d’Bronzemedail krut bei de Landesmeeschterschaften am Méckefëschen an der Kategorie Masters.

De Nick Ferber huet eng 1. Platz mat enger Selektioun vun der FLTT Kategorie U15 bei den Tréierer Stadtmeeschterschafte gemaach; eng 2. Platz an der Kategorie Cadets bei engem internationalen Turnéier zu Wenduine/ De Haan a schliisslech och eng 2. Platz a senger Kategorie am LASEL-Championnat.

De Foos Ferber ass 2. gi beim Critérium nationale vun der FLTT an der Kategorie Cadets, respektiv eng 1. Platz bei de Junioren um internationalen Turnéier zu Wenduin/De Haan.

Am Vëlossport gouf de Larry Valvasori 2.ten bei de Landesmeeschterschaften op der Strooss bei der Elite.

D’Amy Breuer koum an der Kategorie Cadets bei de nationale Meeschterschaften op der Strooss am Juni zu Nouspelt op eng super 2. Plaz; dat selwecht excellent Resultat bei de nationale Meeschterschaften am MTB.

Wat de Busser hiert Neele Albers ass, ass fir di Waler de Pitt Schneider, woubäi de Pitt, nieft aneren excellente Resultater eng 3. Platz bei den nationale Meeschterschaften am Ultratrail beim Uewersauertrail gemaach huet.

Schliisslech koum d’Minimes Ekipp vun der Jugendentente Gréiwels-Feelen-Heischent zu Eieren, déi et fäerdeg bruecht huet vun der 5. Divisioun an déi 4. Divisioun opzesteige mat ëmmerhin 8 Spiller aus de Gemenge Groussbus a Wal an hirem Kader.