Préizerdaul. Am Kader vun hirer Generalversammlung huet de Supporterclub vum Marie Schreiber aus dem Préizerdaul, e Scheck vun 1.000 Euro un den Eric Anselin, Direkter vun der Vereenegung „Ile aux Clowns“ iwereecht. Ugaangs huet de President Servais Antony, jiderrengem merci gesoot fir de Support bei allen Manifestatioun a Coursen déi iwert d’Joer mat der Vélosfuererin Marie Schreiber, national an och international mat vill Erfolleg geprägt waren. Ganz iwerrascht iwert di wertvoll Spend vum Supporterclub aus dem Préizerdaul huet den Här Eric Anselin no sengem Merci, d’Vereenegung kuurz virgestalt, wou dess Suen fir de Garant vun weider Aktivitéiten ganz wirkungsvoll gebraucht gin .(CR) (Foto: Charles Reiser)