Konveniat vun denen Uewerfeelener a flotter Ambiance

đź“·

D'Joergäng 1940 bis 1958 hunn sech erëmgesinn

Uewerfeelen: Zënter 1978 treffen sech di fréier Schoulkomerodinnen a Schoulkomeroden, déi zu Uewerfeelen an d'Primärschoul gaange sin. Hunn di éischt Treffen di läscht Joeren nach all fënnef Joer stattfond, esou ass den Entschloss gefaast gin, fir den Zäitraum op dräi Joer ze verkierzen. E Freiden, den 24. Abrël 2026 war et nees esou wäit an et waren der invitatioun vum Christianne Mergen, Sylvie Trauffler a Charel Reiser net manner ewéi 27 Schoulkomeroden, nokomm. Als alleréischt stong eng Besichtigung vun der neier Gemeng zu Nidderfeelen um Programm. No enger interessanter Féierung duerch di modern Infrastrukter, war et fir de Buergermeeschter Fernand Mergen eng besonnesch Éier der sympahtischer Gesellschaft vun Uewerfeelen, di positiv a rasant Entwécklung vun der Gemeng Feelen mat sengen Zukunfsvisiounen am Detail ze erklären an der sympathischer Gesellschaft och den Éierwäin unzebidden. Beim gemeinsamem Mëttegiessen am Hennesbau, huet jiddeereen sech de deftige Menü och gut schmaache geloos. Wärend e puer gesellige Stonnen a flotter Ambiance si vill schéin Erënnerungen aus der onvergiesslicher Jugend- a Schoulzäit nees opgefrëscht gin. Dobäi sinn och di vill Fotoen an Albumen vun all dene Konveniatsjoeren mat ganz vill Interesse gekuckt gin. Natirlich ass och bei desem Treffen un di verstuerwe Schoulkomerodinnen a Komeroden vun all dene vergaangene Joeren geduecht gin. Den Entschloss sech elo nees an zwee Joer erëm ze gesin, fir dann 50 Joer Konveniat am Joer 2028 och gebührend ze feieren, ass beim Abschied och mat Freed ugeholl gin. (CR) (Fotoen: Nathalie Daubach a Charel Reiser)