70 Joer Dëschtennis Nidderpallen


Den 26. Abrëll 2026 huet den DT Nidderpallen am Kader vu sengem 70. Gebuertsdag seng fréier an aktuell Memberen op Useldeng an de Restaurant Péitche Lauer invitéiert. Am Ganze 45 Leit aus de verschiddene Generatioune vum Veräin, vun de Grënnungsmemberen bis bei déi aktuell Spiller, hate

sech fir dës Feier ugemellt.

D’Präsidentin Anne Weber huet d’ Éieregäscht, déi éischt Schäffin vun der Gemeng Réiden, Danielle Simon-Arendt an de Generaldirekter vun der FLTT Patrick Massen begréisst.

Frou war si och, dat nieft den aktuelle Memberen a Spiller och Grënnungsmemberen do waren, souwéi Spiller déi de Veräin 1974 an d’éischt Divisioun bruecht haten.

No enger Gedenkminutt fir all déi verstuerwe Memberen, huet d'Präsidentin alle Spiller, Memberen, Comitésmemberen, Sponsoren an Unhänger vum Veräin Merci gesot dat si gehollef hunn de Veräin sou laang um Liewen ze halen. Ausserdeem goung e grousse Merci un d’Gemeng Réiden, den Atert Lycée an un d’Dëschtennisfederatioun fir déi gutt Zesummenaarbecht.

Wann een op déi 70 Joer Nidderpallener Dëschtennis zeréckkuckt, gëtt séier kloer, datt net jiddereen déi ganz Geschicht aus eegener Erfarung kenne kann. Och d’Präsidentin Anne Weber huet ënnerstrach, datt si wéinst hirem Alter nëmmen en Deel dovunner selwer erlieft huet, villes awer aus Erzielunge kennt. An de ronn 20 Joer, déi si elo am Veräin aktiv ass, dovunner dräi Joer als Präsidentin, huet si awer schonn eng ganz Rei prägend Momenter matgemaach, déi si mat vill Freed erfëllen.

Besonnesch erënnert si sech un eng Situatioun aus dem Joer 2005, wéi op eemol ee Vertrieder vum Pallener Dëschtennis mat Raquette virun hirer Hausdier stoung a gefrot huet, ob si net Loscht hätt, un engem Training deelzehuelen. Dës Initiativ sollt sech als wichtege Wendepunkt erausstellen: schonn an der Saison 2006/2007 konnt de Veräin mat zéng neie Jugendspiller untrieden. Haut wier de Veräin ouni dësen Engagement wuel net do, wou en ass, esou d'Präsidentin mat Dankbarkeet.

Mat engem Laachen huet si och un d’Ufankszäit zeréckgeduecht, wou d’Spiller vum Veräin duerch hir markant orange Tricoten op den Tournoien opgefall sinn. Net nëmme visuell, mee och sportlech huet de Veräin op sech opmierksam gemaach.

Nieft dem sportlechen Erfolleg huet d’Präsidentin besonnesch d’Bedeitung vum Veräinsliewen ervirgehuewen. Ob am Comité, bei Matcher, Fester oder aneren Aktivitéiten, d’Stëmmung wier ëmmer gutt. Et wier genee dës Mëschung aus Sport a gesellegem Zesummesinn, déi de Veräin zesummeschweesst a fir vill onvergiesslech Momenter suergt. Dobäi bleift et och e wichtegt Zil, net

nëmmen de Veräin, mee och d’Duerfliewen aktiv ze gestalten an ze stäerken.

Eng zentral Roll spillt dobäi de Benevolat. D’Präsidentin huet betount, wéi wichteg den Engagement vun de Memberen an Ënnerstëtzer ass, an huet hinnen dofir en häerzleche Merci ausgeschwat. E ganz spezielle Merci geet un d’Comitésmemberen, ouni déi de Veräin net esou funktionéiere géif.

Zum Ofschloss huet si dem Veräin nach vill schéin, erfollegräich a virun allem geselleg Jore gewënscht.

De Generaldirekter vun der FLTT huet d’Gléckwënsch vun der Federatioun iwwerbruecht an déi gutt Zesummenaarbecht mam Veräin ervirgehuewen. Hien huet betount, datt 70 Joer Veräinsgeschicht net selbstverständlech sinn.

Am Réckbléck gouf drun erënnert, datt schonn 1955 an enger Kaffisstuff um Auszéidësch gespillt gouf, éier de Veräin den 12. Mäerz 1956 offiziell gegrënnt gouf, finanzéiert duerch en Danzowend. En eegenen Dësch, deen nach bis 1981 am Asaz war, an Trainingen an dräi verschiddene Caféen bis 1978 weisen de staarke Pionéiergeescht vun deemools. Als ee vun den aacht eelste Veräiner am

Land huet den DT Nidderpallen sech och national engagéiert, ënner anerem mat der Organisatioun vum 36. Kongress 1977 zu Réiden. Och verschidde Persounen aus dem Veräin hu sech op nationalem Niveau staark agesat. Besonnesch ervirgehuewe gouf, datt de Veräin haut zu engem groussen Deel aus enger neier Generatioun besteet, e gutt Zeeche fir d’Zukunft. Am Numm vun der FLTT gouf Merci gesot fir den Engagement, mat de beschte Wënsch fir nach vill schéi Joren a vill

Freed op der Feier.

Déi éischt Schäffin vun der Gemeng Réiden, d’Danielle Simon-Arendt, huet sech gefreet, bei dëser Geleeënheet dobäi ze sinn, a villmools Merci gesot fir d’Invitatioun. Si huet ervirgehuewen, datt scho vill gesot ginn ass, wat si och selwer am Virfeld recherchéiert hat, an huet ënnerstrach, datt dat alles nëmme confirméiert ka ginn. De Veräin wier immens gutt an der Gemeng engagéiert, wat e grousse

Merci an och vill Respekt verdéngt, besonnesch am Bléck op déi 70 Joer Bestoen. Zum Ofschloss huet si dem Veräin nach eng flott Feier an vill Spaass gewënscht.

Nom Aperitif konnten d’Gäscht bei engem gudden Iessen iwwert vill Erënnerungen aus fréieren Zäite schwätzen. Beim Dessert gouf dann e flotte Video gewisen deen déi lescht 70 Joer a Form vu Foto a Video Revue passéiere gelooss huet.

Hutt der Interessi um Dëschtennis Nidderpallen, da mellt iech per E-Mail:

dtniederpallen@gmail.com

Text: Anne Weber; Foto: Charles Reiser & DT Niederpallen

De Comité vum DT Nidderpallen mam FLTT Generaldirekter an der 1. Schäffin vun

der Gemeng Réiden.

v.l.n.r.: Patrick Massen (Generaldirekter FLTT), Laurent Hermes, Tom Grüneisen, Claudine

Grüneisen-Zinelli, Claude Nerden, Danielle Simon-Arendt (1. Schäffin Gemeng Réiden/Atert), Max

Reding, Anne Weber, Joëlle Weber-Clesen, Chantal Hermes-Filbig