5000 Masken am Konfinement gebitzt!

Am Ufank vum nationale Konfinement huet ët zu Lëtzebuerg haaptsächlech u Masken gefeelt, dofir hun d’Violaine a Sylvain Wallerich ugefaange Masken ze bitzen. Si hunn déi jidderengem zoukomme gelooss deen der gebraucht huet, Altersheemer, Dokteren, Fleegepersonal a villen privaten a vulnerabele Leit. 7 Fräiwëlleger hu sech hirer Initiativ ugeschloss an mat gebitzt. Am Ganzen sinn esou 5000 Masken fabrizéiert ginn. Obwuel d’Leit eppes wollten dofir bezuelen hunn d’Violaine an de Sylvain dat refüséiert, awer amplaz ee Kont ageriicht wou jiddereen konnt iwwerweisen wat e wollt. Esou koum et zu där stolzer Zomm vu 6255€, déi integral un d’ASBL ALAN (Maladies Rares au Luxembourg) gestëft goufen. Den Här Daniel Theisen vun ALAN huet een häerzleche Merci heifir gesot an erkläert wéi hier Associatioun fonctionéiert a wéi wichteg dëse Don fir si ass.

Ee schéinen Zäitverdreif am Konfinement, dee vill Leit virum Covid-19 geschützt huet an niewebäi nach derzou bäigedroen huet, fir deene Leit ze hëllefen déi vun enger rarer Krankheet betraff sinn.

Bild vu lenks no rieds: Alix Demuth; Nicole Halsdorf; Nadia Kauffmann; Daniel Theisen (Alan); Lisa Shepherd; Violaine Wallerich; Sylvain Wallerich; Andrée Philippart. Um Bild feelen: Sylvie Fournel, Chantale D'Onghia.