D'Leidelenger Musek fiert an Nord-Däitschland fir ee kulturellen Austausch


Generalversammlung vun der Leidelenger Musek

Nodeems de President, Gérard Louis, d’Memberen an d’Éieregäscht begréisst huet, ass hie frou gewiescht fir no der Pandemie kënnen ee Réckbléck op eng normal Saison ze maachen. De Veräin zielt am Moment genee 100 Memberen, dovunner 86 Musikanten zesummen aktiv am groussen Orchester, Jugendorchester „Crescendi“ an der Strëpp „Musikussen“. Hien huet awer och d’Versammlung gebieden eng Minutt de Verstuerwene Memberen ze gedenken a speziell der Mme Sanny Mahnke-Dienhart, déi d’lescht Joer gestuerwen ass, a Giedel vun 2 Fändele vun der Leidelenger Musek war.

De President seet och alle Leit Merci fir d’Bedeelegung an deene verschiddenen Aarbëchsgruppen. Ee Grupp deen zënter 2021 ee kulturellen Austausch mat 2 Museken aus Schleswig-Holstein organiséiert huet. Deen Austausch fënnt an der Päischtvakanz statt. Een anere Grupp huet den traditionelle Galaconcert vum 6te Mee geplangt an een 3te klénge Grupp huet en neit Konzept fir de Sponsoring ausgeschafft.

D‘Jugendkommissioun huet eng nei Dirigentin fir d’Leidelenger „Crescendi“ engagéiert an der Persoun vum Hélène Stélandre. De Jean-Marie Grimler, dee bis dohin Dirigent war, krut ee grousse Merci gesot fir déi gutt Opbauarbëcht zënter der Grënnung vum Jugendensembel..

Dat kontinuéierlecht Wuesse vum Veräin huet dozou gefouert, dass de Proufsall definitiv ze kleng ass. Dësen Ëmstand gouf och schonn am Schäfferot virgedroen, mä eng schnell Léisung ass nach net an Aussiicht.

Well de Sekretär aus beruffleche Grënn net konnt an der Versammlung sinn, huet de Vize-President, Pierre Haas, den Aktivitéitsbericht vun 2022 virgedroen sou wéi och den Ausbléck op d’Saison 2023, bei deem de Galaconcert an de kulturellen Austausch an Däitschland am Vierdergrond steet.

De Keessier, John Engler, konnt ee Finanzrapport virdroen, deen e Boni virweist. Dee Boni gëtt am Budget 2023 fir de kulturellen Austausch benotzt. D’Keess gouf kontrolléiert vum Dany Demuth, dem Jeanne Hilger a Romain Lucius. Si hunn d’Versammlung gebieden dem Keessier, duerch seng virbildlech Gestioun, Entlaaschtung ze erdeelen.

Am Comité ass de Sekretär austriedend an net méi erëmwielbar. Et stinn awer nach fräi Posten am Comité zur Verfügung. 3 Kandidaturen louche vir, per Akklamatioun goufen d’Maïté Louis, de Marc Lucius an de Joël Duhr an de Comité opgeholl.

D’Dirigente vun deenen 3 Orchesteren hunn sech ganz zefridde gewisen a sech och ganz positiv iwwert déi gutt Ambiance a Moral an der Leidelenger Musek ausgeschwat.

Zum Schluss vun der Versammlung huet d’Buergermeeschtesch d’Wuert ergraff an der Leidelenger Musek ee grousse Merci ausgedréckt, well d’Musek bei allen Aktivitéiten an der Gemeng ëmmer zuelräich vertrueden ass. Wat eng Vergréisserung vum Proufsall ubelaangt, ass kuerzfristeg net vill méiglech, mä de Schäfferot hätt et awer op senger Prioritéitelëscht. Well d’Musek dëst Joer d’Uertschaft Leideleng am Ausland vertrëtt, géing d’Gemeng dat och finanziell ënnerstëtzen.

Éier d’Versammlung opgehuewe gouf, huet de President vun der Jugendkommissioun, Marco Ensch, de Museksschüler ee Geldbetrag iwwerreecht fir Diplomer déi si am Laf vum Joer erreecht hunn.