Cäeciliendag Leideleng

Dëser Deeg huet d‘Leidelenger Musek hiren traditionelle Cæciliendag gefeiert. De musikaleschen Encadrement gouf dëst Joer vum „Musikverein Taben-Rodt“ garantéiert. Déi Gesellschaft huet ee ganz schéine Concert gespillt an ënnert dem Motto „d’Musek verbënnt an dat iwwert d‘Grenzen eraus...“ huet d‘Leidelenger Musek eng Invitatioun kritt fir een Austauschconcert 2020 zu Taben-Rodt ze spillen.

Bei der selwechter Geleeënheet huet de Vertrieder vun der Union Grand-Duc Adolphe, Marc Thill mat der Buergermeeschtesch Diane Bisenius-Feipel, déi folgend verdéngschtvoll Musikante vun der Leidelenger Musek ausgezeechent, mat der Insigne des Jeunes fir 5 Joer Musek: Lise Desforges, Eva Heinemann, Juliet Vincens, Maximiliam Wilesmith.

Médaille de Bronze fir 10 Joer Musek: Michel Fonck, Yannick Hoscheid, Luna Jakobs, Margaux Loux, Louane Van Dyck.

Médaille d’Argent fir 20 Joer Musek: Mandy Duprel

Médaille en Vermeil fir 30 Joer Musek: Martine Lahier, Marc Wolff.

Médaille en Vermeil Union Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer Musek: Eugène (Ulli) Halsdorf.

De Marc Thill huet deene Geéierte fir hiren Engagement an hier Ausdauer Merci gesot an d‘Wichtegkeet vun der Musek an der Gesellschaft ervirgestrach.

No engem musikalesche BIS vum „Musikverein Taben-Rodt“ goufe gebroden Träipen a Patésschmieren ugebueden.