Scheckiwwereechung

Dëser Deeg huet de Spuerklub "Kee Problem" am Restaurant "De Spackelter" bei der Geleeënheet vun hirer Generalversammlung, ee Scheck un d'À.s.b.l. Parkinson, iwwerreecht. Dëst ass een Deel vun der Recette, déi de Spuerklub op der Leidelenger Kiermes op engem Iessstand gemaach huet. Den Thierry Lentz, Responsabel fir d'Associatioun Parkinson, huet sech ganz erfreet gewisen an och erkläert firwat dat Geld benotzt gëtt. D'Vertriederin vum Leidelenger Schäfferot, Vanessa Baldassarri, huet sech besonnesch driwwer gefreet, dass deen Don, deen zu Leideleng erschafft ginn ass, un eng Associatioun geet, déi selwer zu Leideleng hiren offizielle Sëtz huet a sech och ganz aktiv um Leidelenger Gesellschaftsliewe bedeelegt.