Scheckiwwerreechung zu Leideleng

Nodeems d’Gemeng Leideleng de Veräiner d’Méiglechkeet ginn huet fir op der Leidelenger Kiermes ee Verkafsstand ze bedreiwen, huet de Spuerklub “Kee Problem” op sengem Stand Paella an Tarte Flambée ugebueden. Den Erléis dovunner gouf der Leidelenger Vereenegung ‚HUK- Hëllef fir Ukrainesch Kanner’ gespent, nodeems de Betrag nach no uewen opgerënnt gouf, huet de President vum Spuerklub, André Arendt, ee Scheck vun 1200€ iwwerreecht. De President vun HUK, Jeannot Majerus, huet sech immens glécklech gewisen, zemools hier Hëllef, grad an dësen Zäiten, enorm gebraucht gëtt a sech och net nëmme méi op Kanner aléng bezitt. Beim engem Patt a Schnittercher huet hie nach interessant Erklärunge gi, wat d’Wierke vun hirer Vereenegung ubelaangt.