Generalversammlung vun der Beetebuerger Lokalsektioun vum Roude Kräiz

D’Beetebuerger Lokalsektioun vum Roude Kräiz huet viru kuerzem hir Generalversammlung ofgehal, dëst a Präsenz vu Vertrieder vum nationale Roude Kräiz, den Häre Christof Müller, chargé de direction vum Service Migrants et Réfugiés, Yves Collet, chargé de direction vum Service Qualité, innovation et développement an Henri Oberhausen Krippler, coordinateur du bénévolat.


Eng Rei Aktivitéiten hunn et der Lokalsektioun erlaabt, 1 Scheck iwwer 6.000,- Euro un de „Service Migrants et Réfugiés“ vum Roude Kräiz z’iwwerreechen. Dësen Don geet un e Projet fir ukräinesch Kanner bei eis zu Lëtzebuerg. E grousse Merci goung un alleguer d’Benevollen; virun allem un d’Quêteuren, fir hiren alljärlechen, deelweis e puer joerzéngtelaangen Asaz. Eng grouss Unerkennung goung un d’Harmonië vu Beetebuerg a Réiser, souwéi un d’Fanfare vun Hunchereng fir hir 2 Benefizconcerten zu Gonschte vum Roude Kräiz am Dezember 2022. E weidere grousse Merci gouf un d’Gemeng adresséiert fir hir reegelméisseg a wertvoll Ënnerstëtzung.