Scheckiwwerreechung a Presidentewiessel bei der Croix-Rouge Sektioun Beetebuerg

D’Croix-Rouge Sektioun vun der Gemeng Beetebuerg hat viru kuerzem hir Generalversammlung a Präsenz vun den Damme Catherine GAPENNE a Danielle Vedie, souwéi dem Här Mathias BARTHOD, als Vertrieder vun der nationaler Croix-Rouge. De Gemengerot war duerch d’Madame Sylvie JANSA an den Här Guy FRANTZEN vertrueden.


Eng Rei Aktivitéiten, trotz der Pandemie, hunn der Lokalsektioun et erlaabt e Scheck vun 6.000 € als Hëllef un d’Ukraine z’iwwerreechen. Wéi all Joer huet d’Beetebuerger Harmonie an Harmoniechen duerch hire Chrëschtconcert gehollef d’Kees ze fëllen.


D’Madame GAPENNE, Directrice vun « HELP Aides et Soins » huet an engem interessanten Exposé hire Service virgestallt.


D’Madame Marie Anne RODESCH-HENGESCH huet décidéiert, no 12 Joer, d’Presidentschaft un d’Madame Yvette THOMAS z’iwwerginn. D’Membere vun der Sektioun hunn dem Marie Anne e grousse Merci fir säin Asaz ausgesprach an et zur Eierepresidentin ernannt. D’Marie Anne huet versprach weiderhin am Comité matzeschaffen.


D’Haaptuleies fir d’Beetebuerger Sektioun bleift och an Zukunft d’Existenz vun deene Vulnerabelsten aus der Gesellschaft, Kanner, Erwuessener mat ville Suergen z’ënnerstëtzen.