Generalversammlung vun der Croix-Rouge Lokalsektioun Beetebuerg

D'Croix-Rouge Sektioun vun der Gemeng Beetebuerg hat de 24. Mäerz 2016 hir Generalversammlung a Präsenz vum Här Marc CROCHET, Directeur général adjoint vun der Nationaler Croix-Rouge. De Schäfferot war duerch den Här Gusty GRAAS vertrueden. Eng Rei Aktivitéiten hunn der lokaler Sektioun et erlaabt, 2 Chèquë vu jeeweils 1500€ z’iwwereechen, een un d'HIVberodung an een un de Service Migrants et Réfugiés. Wéi all Joer huet d'Beetebuerger Harmonie an Harmoniechen duerch hire Chrëschtconcert gehollef, d’Keess ze fëllen.

Fir de Comité bleift d'Haaptuleies, d’Existenz vun deene Vulnerabelsten aus der Gesellschaft, Kanner, Erwuessener mat ville Suergen, ze ënnerstëtzen.

E puer nei Quêteusë konnte fir de Mois du Don begeeschtert ginn.

Verschidden Dammen an Hären sinn zënter méi ewéi 40 Joer am Asaz. Hir jorelaang Disponibilitéit verdéngt eng grouss Unerkennung.