Generalversammlung vun der Croix-Rouge Lokalsektioun Beetebuerg

D’Rout-Kräiz-Sektioun vun der Gemeng Beetebuerg hat de 24. Mäerz 2017 hir Generalversammlung a Präsenz vum Här Michel SIMONIS, Generaldirekter vum nationale Roude Kräiz, ofgehal. De Gemengerot war duerch de Buergermeeschter Laurent ZEIMET an d’Sylvie JANSA vertrueden. Eng Rei Aktivitéiten hunn der lokaler Sektioun et erlaabt, 2 Chèquë vu jeeweils 2000,-€ an 1000,-€ z’iwwereechen, een un de «Service Migrants et Réfugiés, Villa Nia Domo zu Stroossen» an een un de «Foyer Saint Martin Jeunes, Fondation Maison de la Porte ouverte». Wéi all Joer huet d'Beetebuerger Harmonie an d'Harmoniechen duerch hire Chrëschtconcert matgehollef d’Keess ze fëllen.

Fir de Comité bleift d'Haaptuleies d’Existenz vun de Vulnerabelsten aus der Gesellschaft, Kanner, souwéi Erwuessener mat ville Suergen, z’ënnerstëtzen.
Nei Quêteusë sinn häerzlech wëllkomm fir eis beim Porte à porte fir de Mois du Don ze hëllefen.

Verschidden Dammen an Häre sinn zënter méi ewéi 40 Joer am Asaz. Hinne gëllt eng grouss Unerkennung.