Generalversammlung vun der Croix-Rouge Lokalsektioun Beetebuerg

3.000,-€ fir de gudden Zweck.

Rout-Kräiz-Sektioun Beetebuerg ennerstëtzt de Fonds « Solidarité »


D’Rout-Kräiz-Sektioun vun der Gemeng Beetebuerg hat de 27. Mäerz 2018 hir Generalversammlung a Presenz vum Marc CROCHET, bäigeuerdneten Generaldirekter vum nationale Roude Kräiz, ofgehal. Eng Rei Aktivitéiten hunn der lokaler Sektioun et erlaabt 1 Chèque vun 3000,-€ un de Fonds « Solidarité » vum Roude Kräiz z’iwwereechen. Wéi all Joer huet d'Beetebuerger Harmonie an d'Harmoniechen duerch hire Chrëschtconcert matgehollef d’Keess ze fëllen.


Fir de Comité bleift d'Haaptuleies d’Existenz vun de Vulnerabelsten aus der Gesellschaft, Kanner, souwéi Erwuessener mat ville Suergen, z’ënnerstëtzen.


Grouss Unerkennung gëllt weiderhinn deene ville Bénévolen déi Joer vir Joer am Asaz sinn fir beim Porte à porte fir Quête vum Mois du Don ze hëllefen.