Ouschteren 2021 zu COVID's Zäiten


Ouschteren 2021: den Ouschterhues ass ennerwee fir den eeler Leit an der Gemeng e klenge Cadeau ze droen. D'Sozialkommissioun vun der Gemeng Betzder, zesumme mam Comité vun de "Widdebierger 50+", hunn him vill Schneekechkeeten fir auszedroe ginn. Et ware selwer gebaake Kichelcher, Ouschtereer an e grousse Schoklasouschterhues. Sou hoppelt den Hies'chen lo vun Haus zu Haus bei di eeler Leit a mecht hinne mat sengen Tiitecher vill Freed.