1. Mee Feier vun der Entente vun de Veräiner Gemeng Biwer

D'Entente vun der Veräiner aus der Gemeng Biwer hat op hier 1. Mee Feier an de Biwer Bësch invitéiert. Vill Leit vun de Veräiner an Awunner aus der Gemeng hun trotz dem net sou schéine Wierder de Wee an de Bësch fonnt.

De Gaart an Heem Biwer hat d'Charge vum Grillen iwwerholl an et ass keen hongreg an duschtreg heem gang.

Fir de musekalischen Deeg war d'Biwer Musek zoustänneg.