UEBSTBAM-SCHNËTTCOURS VUN DER EMWELTKOMMISSIOUN GEMENG BIWER

D'Emweltkommissioun vun der Gemeng Biwer an Zesummenarbecht mam SIAS an dem Gaart an Heem Biwer a Wecker hat den 5. März en Uebstbam-Schnëttcours am Bongert vum Martine Birkel zu Wecker organiséiert.

De Marc Thiel vum SIAS huet bei beschtem Wierder a virun den Aan vu villen Interessenten, erklärt a mat gezieltem Schnëtt gewissen, wéi jonk Uebstbeem no der Oeschberg Method geschnidde ginn a wéi den Opbau vun enger Pyramidekroun bei den Uebstbeem funktionnéiert.

Firwat e Summer- oder Wanterschnëtt, e Kiischtebam oder en Äppelbam, wéini een wat schneid, all déi Froen kruten d'Léit professionnel beäntwert.

Mat enger klénger Stärkung an engem Patt zum Schluss gouf den léierräiche Nomëtteg ofgeschloss.