FREIJOERSBOTZ VUN DER EMWELTKOMMISSIOUN GEMENG BIWER

D'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer hat trotz dem COVID-19 drop gehalen eng Fréijoersbotz duerch d'Gemeng ze organiséieren.Et haten 38 Leit, dovun 9 Kanner a Jugendlecher drun deel geholl.Am Respekt mat de sanitäre Regelen an a klénge Gruppen ass sech Samschdes moies op de Wee gemach ginn fir duerch die verschidden Uertschaften vun der Gemeng, Dréck opsammelen ze goën.

Et war positiv ze gesinn, dass vu Joer zu Joer manner Dréck an eiser Gemeng fonnt gëtt. Well et net wéi gewinnt e Mëttegiesse ginn ass, krut jiddereen géint Mëtteg eng Lunch-Tut mat engem kléngen Dessert mat op den Heemwee, déi vun der Gemeng offréiert ginn ass.